webinar register page

Webinar banner
Vu Wëllbeien an Harespelen zu Lëtzebuerg
Am Virtrag ginn eko-ethologesch Beobachtungen Wëllbeien- an Harespel-Aarte virgestallt, déi a Fielsen, Maueren, Holz, Schleekenhaisercher an op sëllegen onerwaarte Plazen nisten. Am Mëttelpunkt stinn dësen Insekten hiert Verhalen, hir Näschter, hir Relatioun zum Substrat, an deem se nisten, hir Parasitten an aner Locatairë vun hiren Näschter. Um Beispill vun enger Beiefamill gëtt den aktuellen Zoustand vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg opgezeechent an iwwer Mesuren nogeduecht, déi den Aarteschwund bremse
kéinten.

De Referent Nico Schneider beschäftegt sech zënter ville Joere mat de Wëllbeien, Galen an aner Insektegruppen. Hien ass Auteur vu villen Artikelen, engem Buch a laangjärege Member vun der SNL souwéi wëssenschaftleche Mataarbechter vum MNHNL.

Org.: Société des naturalistes luxembourgeois & Musée national d'histoire naturelle

Apr 21, 2020 06:30 PM in Luxembourg

Webinar logo
Webinar is over, you cannot register now. If you have any questions, please contact Webinar host: Patrick Michaely.